Vill Neies am November an Dezember

Am Volleyball produzéiere mer eng éischte Kéier e Livestream aus der Sportshal zu Stroossen. Den Rekordchampion ass dëst Joer nees an der Coupe d'Europe aktiv. Am CEV Challengecup spillen si den 22. November géint déi bulgaresch Equipe Levski Sofia. De Stream gett Live iwwert RTL.LU (vu Letzebuerg aus) an Laola1.tv (weltwäit) iwwerdroen.

Eng éischte Kéier stet dann de Judo um Programm fir SPORTSTREAMING.LU. Den 8. Dezember ass zu Déifferdeng an der Sportshal den Interreg Championnat d' Elite Seniors wou déi Bescht Judoka aus der Groussregioun untrieden. Dësen Event ass Weltwäit iwwer RTL.LU ze gesinn.

Direkt d'Woch drop ass et dann nees um Volleyball. Zu Walfer sinn et dëss Kéier nees d' Dammen déi am CEV Challengecup untrieden. Hiere Géigner ass gläichzäiteg den Topfavorit vun der Competitioun a kënnt aus der Tiirkei. De Match RSR Walfer - Bursa BBSK gëtt nees iwwer RTL.LU (just Letzebuerg) an Laola1.tv (weltwäit) iwwerdroen.

indoor volleyball, challengecup, judo

  • Created on .