VOLLEYBALL - FINAL 4 Coupe de Luxembourg
Am Februar 2016 huet SPORTSTREAMING.LU de Final 4 vun der Coupe de Luxembourg iwwert RTL.LU gestreamt. An den Halleffinallen bäi den Dammen hu sech de VC Stengefort an de VC Mamer an 2 spannende Matcher duerchgesat a bäi den Hären hu sech de CHEV Dikkrech an de VC Stroossen a genee esou spannende Matcher qualifizéiert.An der Finall setzen sech de VC Mamer an de VC Stroossen zweemol mat 3:2 duerch.Verschidde Matcher fannt dir och am Replay op eisem youtube Channel.